Partner-Singleberodung

Sidd dir oppen an bereet, ob eng nei Aart a Weis an Är Bezéiung eran ze kucken?
An dëser Partnerberodung, ginn ech Iech mat mengem Konzept, nei Andréck an interessant Erkenntnisser an Är Bezéiung.

Du bass Single, an brauchs eng kleng Starthëllef, ob der Sich no deem richtegem Partner/in?
An dëser Singleberodung, ginn ech dir nei Impulser mat ob de Wee, déi dir d‘Sich no engem neien Partner/in méi einfach mécht.

 

Single Berodung

  • Du hues d‘Gefill, ni deen richtegen Partner/in kennen ze léieren
  • ëmmer erëm deem Falschen iwert de Wee ze laafen
  • et passt no puer Wochen awer net méi (aus verschidenen Grënn)
  • oder Hien/Si ass onerreechbar, d.h. en ass schons an enger Relatioun, wunnt ze wäit weg, oder huet keen Interêt.
  • du hues Interêt fier eng Persoun, hien/sie awer net vir dech. Oder emgedréint,
  • hien/sie huet Interêt vir dech, du awer net vir si.
  • wisou zéie mer ëmmer daat selwecht Muster vun Mann/Fra un.

 

Kënnt Iech hei sou munsches bekannt vir?
Oft sinn et kleng Blockaden, déi ons am Wee stinn, en neien Partner/in ze fannen. Dës sinn ganz individuell.
An dëser Berodung kucke mer zesummen, waat mer verbesseren an veränneren kënnen, an wéi eng Léisungen et ginn.
An éichter Linn, geet et ëm ons selwer.
Et geet drëms sech selwer besser kennen ze léieren.
Sou fanne mer éichter eraus wat mer wëllen, wien zou ons passt, a wéi mer dee richtegen Mann/richteg Fra erkennen.
Dofier musst du oppen an bereet sinn. Nëmmen esou maachen sëch nei Perspektiven op, déi d‘Sich an Fannen méi einfach mëcht.

Als Informatioun:
Dës Single Berodung ass just eng Berodung, keng Partnervermëttlung.

Partner Berodung

Themen Bereiche

Ugekuckt ginn 3 Themen,
Charaktereegenschaften, d’Sënner an Ähnlechkeeten.
An enger lockerer Atmosphär kucke mer ons déi verschidden Themen zesummen un, déi interessant sinn, Spaass maachen an Opschlossräich sinn.

Wat gedd bei deser Analyse gemaach?

Ugekuckt gin 3 Themen

Charaktereegenschaften

Déi ginn unhand vun den Stärenzeechen mat dem Aszendenten ermëttelt. Et ass keng komplett Astrologesch Analyse; et geet just drëms, en Abléck an di gemeinsam Konstellatioun ze kréien. All Konstellatioun ass eenzegaarteg. Et ginn sécherlech vill Eegenschaften, déi mer ons ob den éischten Bléck net bewosst sinn, et awer interessant ass, e Bléck eran ze geheien.

Ons Sënner

Jiddereen huet se, awer kennt se och jiddereen? An ganz wichteg, benotze mer se bewosst? Ons Sënner sinn wichteg, egal ob an enger Partnerschaft, Frëndschaft oder och sou, am Alldeeglechem Liewen. Lost ons zesummen erausfannen, wéi eng et sinn, a wéi mer se bewosst kënnen asetzen.

Ähnlechkeeten

Wësst der, ob der Iech ähnelt, an wéi vill?
Mat enger Fotoanalyse wärte mer daat erausfannen. Daat heescht, et gëtt je eng Foto vun béiden Partner gemaach, beaarbecht an analyséiert. Dest gëtt direkt ob der Platz gemaach, an ass sécherlech ganz interessant
Des Fotoanalyse kann och eenzeln gebucht ginn.

Em waat handelt et sech?

Heibäi geet et net drëms, erauszefannen ob Koppelen zesummenpassen oder net. Am Géigendeel; positiv Eegenschaften ginn ervir gehuewen; des sinn Basis vun Ärer Partnerschaft.
Manner gut Eegenschaften ginn beliicht an ugekuckt, well nëmmen „Feeler“ di mer kennen an denen mer ons bewosst sinn, kenner mer akzeptéieren an korrigéieren.

Fir ween ass des Berodung geduecht?

Vir all Koppelen, déi schons méi laang an enger Bezéiung sinn. Daat heescht, wann déi wonnerschéin rosa Wolleken fort sinn, an den Alldag agezunn ass. Des Berodung gett ëmmer zu zwee, (als Koppel) gemaach, an ass vir jiddereen geduecht;

  • Dir hätt gären eng nei Siichtweis vun Ärer Bezéiung?
  • Sid an Ärer Bezéiung heiansdo veronsëchert, duerch kleng Meenungsverschiddenheeten, duerch drëtt Persounen, oder soss alldeeglech Themen?
  • Sid einfach just Vierwetzeg?
  • Gesidd vun lauter Beem den Bësch net méi, a kuckt gären mol aus enger neier Perspektiv eran?
  • Den „Alltagstrott“ ass agezunn, an hätt gären nei Impulser?
  • Dir wënscht Iech, d’Gefill vir Är Bezéiung nei opliewen ze lossen?Et ginn sëcher nach ganz vill aner Grënn.
    Mein Zil ass et, Iech mat dëser Berodung, e gut Gefill mat ob de Wee ze ginn.

Dest Konzept vun der Partnerberodung ass nei. Et ass vu mir iwer Méint entwéckelt, beaarbecht an realiséiert ginn. Ech freeë mech Iech kennen ze léieren, an Iech mat dësen Berodungen nei Erkenntnisser kennen ze ginn.

Iwwert mech

Mein Numm ass Claudine Schiltz, sinn 47 Joer an Mamm vun 2 Kanner (16 an 19J)
Haaptberufflech schaffen ech am Schoulsysteme, dh. Ech sinn Schoulbusbegleederin; betreien 49 ganz léif Kanner am Alter zwëschen 4 an 12J, an ginn mat deenen Klengen aus dem Cycle 1.2 mat schwammen.
Meng Selbstännegkeet mat der Partner&Singleberodung maachen ech Nieweberufflech, an et mëcht mer ganz vill Freed.
An Oweskueren, Seminairen an Coachings hunn ech vill iwwert Berodung an Zesummenaarbecht mat Mënschen geléiert.

An menger Fräizäit, sinn ech gären dobaussen an der Natur, maache vill Fotoen, well Natur huet vill flott Motiver ze bidden.
Ansonsten sinn ech en kreative Mënsch; molen, bitzen, bastelen, … waat mer halt vir Ideeën an den Kapp kommen.

Ganz wichtig:

Des Partnerberodung ass keng Therapie, keng Eheberatung oder Sträitschlichtung. Et ass sou ze soen:
Eine Hilfe zur Selbsthilfe.
Singleberodung ass och just eng Berodung, keng Partnervermëttlung

D’Berodungen sinn ob Lëtzebuergesch an ob Däitsch

Demnächst:
Berodungen kënnen och online iwer Videochat gemaach ginn
Skype: claudine schiltz / Partner & Singleberodung

Umierkung:
Vir wieder Froen schreift mer eng Email un
info@partner-singleberodung.lu

Rendezvous ginn ausschliisslech per Email gemaach.

Partnerschaftsanalyse Luxemburg